Skip to contentSkip to footer

Munnerefer Veräiner
Munnerefer Veräiner

Umellen

Impressiounen vum Workshop "Schafsvlies filzen"

10th October 2026

Freunde des alten Handwerks

Impressiounen vum Workshop "Schafsvlies filzen"

Den 11. Juli huet d'Brigitte da Silva e super Filzworkshop zu Elleng am Centre Culturel Martialis ugebueden, wou d'Participanten aus engem Schofsvlies e Pelz ouni Haut filze konnten. Bekannt si sou Vlieser och ënnert dem Numm "Veggie-Schofspelz". Si sinn net nëmmen immens flott fir d'Doheem ze verschéineren an e cosy Look ze ginn, mee si sinn och nëtzlech an ekologesch nohalteg.

En décke Merci un d'Brigitte fir dee flotte Workshop, bei deem zwar vill Waasser a Schweess gefloss sinn, mee wou d'Resultater sech awer mat Houffert weise kënne loossen. Et huet sech absolut gelount!